Useldéng Just 4 fun Tournoi

Loading Map....

Date/Time
Date(s) - 12/12/2015
14:00 - 18:00

Location
Useldéng Sportshaal

Categories


Zitat FB Event vun Useldéng:

Den Indiaca Nethoppers Useldeng invitéiert Iech op hieren Just 4 fun Indiaca Turnoi zu Useldeng.
Dat ganzt fënnt den 12. Dezember ab 14:00 auer zu Useldeng an der Sportshaal bei der Schoul statt.

Wat ass Indiaca iwwerhaapt?
Indiaca ass eng Sportaart déi dem Volleyball ähnelt. Gespillt gëtt normalerweis zu 5 um Terrain (4 ass hei awer och erlaabt). Gespillt gëtt mat engem Indiaca, een Ball mat 4 Fiederen, deen just mat der Hand geschoss dierf ginn. Reegelen sinn ähnlech wei beim Volleyball, mee weider Infos kritt dir dann sur place.

Matmaachen kascht 25€ pro Equipe, déi aus minimium 4 Spiller bestoen muss, woubei emmer just 3 lizenzeiert Spiller dierfen um Terrain stoen ( ët kënnen awer mei Spiller mat Lizenz matbruecht ginn)
Umellen kënnt dir Iech iwwert d’E-mail Address tania.theis@education.lu bis spéitsdens den 6. Dezember, bei der Umeldung gidd dir wegl. een Numm fir äer Equipe un an wéivill Spiller dir dobei hudd (och d`Unzuel vun den Lizenzeierten).
D’Iwwerweisung muss och bis den 6. Dezember gemaach sinn, an d’Kontosnummer kritt dir per E-mail bei der Umeldung.

Meterkontest gëtt et natirlech och.

Fir den klengen Honger ass och selbstverständlech gesuergt.

Mir freen eis schon Iech den 12. Dezember bei eis zegesinn, natierech sinn och Net-Spiller wëllkomm fir bis laanscht een drénken ze kommen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.