Kolmer 2 vs. Alzeng an der Coupe: 3-2 an de Sätz gewonn!

FINALE !

En Donneschden Owend, den 28. Abrëll, stoungen sech Alzeng a Kolmer an der zweeter Halleffinall fir des Saison géigeniwwer. Während Alzeng staark vertrueden war, huet sech Kolmer missen während dem éischte Saz vun engem verletzen Spiller trennen. Mat 2 Hären an 3 Dammen um Terrain goung et dunn no enger kuerzer Paus weider. Alzeng konnt den éischten Saz fir sech entscheeden mat 25 zu 17. Kolmer huet awer nees lues an d’Spill fonnt. Alzeng huet sécher gespillt an konnt och dunn den zweete Saz gewannen. Während dem drëtten an éischten entscheedende Saz huet Alzeng a Kolmer um selwechten Niveau gespillt. Kolmer huet dunn hiren éischte Saz mat 26-24 gewonn. Et ass ganz spannend bliwwen. No dem 1-2 huet Kolmer vill Stëmmung gemaach an et ass hinnen gelongen mat engem 26-24 op 2 – 2 gläich ze spillen. Während dem fënneften an läschte Saz huet dunn, no villen flotten Ballwiessel an enger extrem spannender Schlussphase, Kolmer et gepackt mat engem 27-25 an d’Final ze kommen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.